Orchideeë weise wertvoll Liewensraim

Déi wëll wuessend Orchideeën eegnen sech exzellent fir déi naturno aarteräich Liewensraim unzeweisen, déi mir am Kader vun der weltwäiter Biodiversitéitskriis musse schützen an erhalen.

Déi heemesch Orchideeën hunn sech u ganz verschidde Liewensraim ugepasst. Gemeinsam hunn déi Liewensraim hir Närstoffaarmut, well Orchideeë kënne mat ganz wéineg Närstoffer eens ginn. Dobäi hëlleft hinnen déi enk Bindung u Wuerzelpilzen, op déi si scho fir ze kéngen ugewise sinn. An hiren ënnerierdesche Späicherorganer kënne si Reserven uleeën, déi hinnen et erlaben, am gënschtege Moment séier zur Bléi ze kommen.

Bëscher - Liewe mat wéineg Liicht

Orchideeë weisen
Orchideeëvirkommen a Bëscher
  • Biche bilden op dem Lëtzebuerger Sandsteen naturno Halebëscher, op deenen hire Lichtunge sech eng räich Krautschicht entwéckelt.
  • Op Kallekbiedem, wéi iwwer dem Muschelkallek an der Muselgéigend oder iwwer dem Dogger an der Minett am Süde vu Lëtzebuerg, steet de Kallek-Bichebësch.
  • Den aarteräichen Eechen-Houbichebësch entwéckelt sech op méi leemege Biedem, do wou et fir d'Bich ze naass oder ze dréche gëtt.
  • Op e puer no Süden ausgeriichten Häng fënnt ee méi e lichten Dréchebësch mat Eechen, deen et gär méi waarm huet.
  • Natierlech Nolenholzbëscher kommen zu Lëtzebuerg net vir. Fiichten a Kifere goufen awer op ville Plazen ugeplanzt.

Dréchewues - Iwwerliewe bei Dréchent an Hëtzt

Orchideeë weisen
Orchideeëvirkommen op Dréchewues
  • Um Gebitt vun de fréieren Aerzofbau-Fläche sinn am Laf vun de leschte fofzeg Joer op den Dogger a Minette-Schichte sekundär aarteräich Kallek-Dréchewuess Standuerter entstan.
  • Keuper-Dréchewues huet sech virun allem op den Häng a Koppe vun der Keuperlandschaft gebilt. Hei fënnt een déi aarteräichst Orchideeën-Standuerter.
  • Dréchewues op Muschelkallek fënnt een um Südostrand vum Éislek an am Museldall. Am Éislek hu sech op den no Süden ausgeriichten Häng vum Devonschifer Silikatmoerwise gebilt.

Fiicht a moer Wisen - Orchideeën oder Dünger

Orchideeë weisen
Orchideeë-Virkommen a fiichten a moere Wisen
  • Staunaass Fiichtwisen entsti virun allem am Guttland iwwer onduerchlässege Biedem mat engem héije Leem-Undeel, wou d'Waasser net a méi déif Buedemschichte ka versickeren.
  • Am Éislek ginn et Fiichtwise laanscht déi kleng Baachen an den Däller oder bei Quellen am Hank. Déi sauer, mineralaarm Biedem enthale manner Leem a si méi duerchlässeg wéi am Guttland.
  • Moer Wisen op närstoffaarme Biedem hunn nëmme bei traditioneller Hee-Notzung Bestand. Si gehéieren aktuell zu den am meeschte bedreete Liewensraim zu Lëtzebuerg.