Wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg sinn 45 Arten Orchideeën a ënnerschiddleche Liewensraim eenheemesch. Dovu sinn der 9 bei eis leider schon ausgestuerwen, 14 Aarte si bedrot oder gefärdet. Orchideeë weise ganz ëmpfindlech op biologësch intakt Liewensraim hinn a wou si virkommen, fënnt een oft nach aner seelen Déieren- a Planzenaarten.