Orchideeën erkennen

D’Bléie vun den Orchideeën, déi zu Lëtzebuerg wëll wuesse, kënne sech mat hirer Gréisst a Faarwepruecht meeschtens net mat de bekannten Orchideeën-Zuuchtformen oder den tropeschen Aarte moossen. Si hunn awer dee selwechten 3-zielegen Opbau.

 

Déi 3 baussenzeg Bléieblieder si meeschtens gläichaarteg, dat mëttelst vun deenen dräi bannenzege Bléieblieder ass vergréissert a bilt déi oft opfälleg geformte Lëps.

An der Knosp steet déi Lëps nach uewen, ma d’Bléi dréit sech ëm 180°, sou dass si dann no ënnen a no vir geriicht ass.

D’Stëbsblieder bilden zesumme mat dem Griffel eng Sail.

D’Polle sinn zu Pollinie verklompt, déi vun de Bestëbser als Ganzt verbreet ginn.

Orchideeë bilde Kapsele mat ganz vil mikroskopesch klengem Som ouni Närgeweebe.

Fir ze kéngen ass dësen op Mykorrhiza-Pilzen ugewisen.

Aner typesch Mierkmoler vun den Orchideeë sinn déi riicht, onverzweigt Wuessform,

déi ongedeelt längelzeg oder oval Blieder mat parallelle Blatnerven

an déi ënnerierdesch Späicherorganer, entweder eng Koppel vu Wuerzelknollen

oder wéineg verzweigte Rhizomer.