Gesetzlëch geschützt

Zu Lëtzebuerg sinn all Orchideeë geschützt (RDG du 8 janvier 2010). Si däerfe weder gepléckt nach zerstéiert oder soss geschiedegt ginn. Fir dass d’Aarten op Dauer iwwerliewe kennen, geet dat awer net duer. Och déi passend Liewensraim mussen erhale bleiwen.

Dréchewues, närstoffaarm Fiichtwisen an aner moer Opelandstanduerter weisen e grousse Räichtum un Aarte mat vill spezialiséierten Déieren a Planzen. Déi gréisst Gefor fir des wäertvoll Liewensraim si feelend oder net genuch Notzung oder Fleeg, déi direkt Zerstéierung duerch Düngen a méi heefegt Méien an den Närstoffantrag vun ugrenzenden intensiv genotzte Flächen. Vill Gebidder léien haut isoléiert a fragmentéiert an hu wéineg Fläch, sou dass de geneteschen Austausch tëschent de Standuerter feelt a vill kleng Reschtpopulatioune laangfristeg nëmme wéineg Iwwerliewenschancen hunn.

 

Vill Standuerter vun Orchideeë leien an Naturschutzgebidder oder a geschützte Liewensraim. D’Fläche mussen awer reegelméisseg gefleegt gi fir dass d’Orchideeën op Dauer erhale bleiwen. Dës Fleeg gëtt vun de Gemengesyndikater fir Naturschutz, de Biologesche Statiounen, der Naturverwaltung mat de Revéierfierschter a vu privaten Naturschutzorganisatioune geleescht.