Iwwert d'Ausstellung

Orchideeë si mat iwwer 30 000 bekannten Aarten déi zweetgréisst Planzefamill op der Welt a sinn op alle Kontinenter verbreet.

An der Ausstellung “Täuschend echt! Wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg” presentéiert den natur musée seng Sammlung vu liewensechten Nobildungen vun deene 45 heemeschen Aarte vun Orchideeën  a gëtt en Abléck an déi faszinéierend Villfalt vun dëser Planzefamill.

Wéi all Orchideeë sinn och déi di zu Lëtzebuerg wëll wuesse richteg Meeschteren, wann et drëms geet fir de Bestëbser falsch Tatsaache virzespillen an si – Täuschend echt! – unzelackele fir dass si hire Pollen direkt als ganze Pak vun enger Bléi bei di nächst transportéieren. Wa si Nektar ubidden, dann ass deen sou gutt verstoppt, dass d’Insekten net kënnen dru kommen ouni dass si e Pollepak opgepecht kréien. Aner Aarte bidden iwwerhaapt keen Nektar méi un, gesinn awer fir Insektenaen aus wéi d’Nektarbléie vun anere Planzen. Nach anerer lackelen d’Insekten an eng Fal oder täusche souguer e Sexualpartner vir.