Merci

D’Ausstellung “Täuschend echt! Wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg” wär ouni d’Ënnerstëtzung vu ganze ville Mënschen net zustane komm. Et sollen hei fir d’éischt déi vill verschidde Servicer vum natur musée genannt ginn, deenen hir Zesummenaarbecht fir d’Entstoe vun dëser Ausstellung onbedéngt néideg war. Besonnesch d’Mataarbechterinnen  an d’Mataarbechter vum Service muséographique, vum Service technique, vum Service éducatif, vum Service Informations digitales, vun de Sektioune Botanik an Zoologie an och fräiwëlleg wëssenschaftlech Mataarbechter hunn déi läscht Méint hir Begeeschterung, hire Fläiss an hiert Fachwëssen abruecht fir dës Ausstellung ze gestalten.

E ganz besonnesche Merci geet un de Sebastian Brandt (www.reco-brandt.com) an d’Kolleege vum Naturkundemuseum Erfurt, déi eis am Virfeld dat ganzt Material vun hirer Ausstellung “Juwelen der Natur – Orchideen in Thüringen“  zur Verfügung gestallt hunn an eis erlaabt hunn et fir Lëtzebuerg unzepassen an ëmzegestalten.

En häerzleche Merci och un déi vill Fotografen a Fotografinnen, déi eis hir Biller zur Verfügung gestallt hunn, fir dass d’Schéinheet vun den heemeschen Orchideeën sou prachtvoll konnt duergestallt ginn: Sebastian Brandt, Guy Conrady, Nathalie Grotz, Jan Herr, Wolfgang Hock, Alain Hoffmann, Karel Kreutz, Yves Krippel, Max Lauff, Fernand Lommer, Marianne Majerus, Jean-Marie Mangen, Jim Meisch, Georges Moes, Mikka Mootz, Ronny Mozek, Simone Schneider, Eric Threinen, Jean-Paul Wolff, Peter Zschunke.
 
Villmools Merci dem Georges Moes an der Stëftung natur&ëmwelt fir hire wichtege Bäitrag zum Theema Schutz an Erhalt vun den Orchideeën.

Zu gudder Lescht ee grousse Merci un d’Ekippe vun de Gardienen, de Guiden an och der Botzekipp, déi dofir suergen, dass Är Visitt vun der Ausstellung zu engem agreabelen Erliewnis gëtt.