Orchideeë Puzzle

Déi präisgekréinte botanesch Modeller vum Sebastian Brandt (www.reco-brandt.com) sinn eenzegaarteg Konschthaarz-Ofgëss vun echte Planzen. Mat Hëllef vun enger neiaarteger Method ginn si an opwänneger Klengaarbecht handwierklech produzéiert. Sou entsti fir d’éischt Kéier botanesch Ausstellungsstécker vun enger aussergewéinlecher Qualitéit.

All Eenzeldeeler vun de Planzen, wéi Blieder, Bléien a Stiller ginn a speziell Silikonbléck agegoss. Doraus entsti Géissformen, déi mat faarwege Konschthaarz-Mëschunge gefëllt ginn. Beim chemeschen Aushäerden entsti mikroskopesch exakt an dauerhaft Ofgëss vun deene verschiddene Planzendeeler, déi dann zum fäerdege Modell zesumme montéiert ginn. Nodeems si iwwerschafft goufen an eng Schlusskoloratioun kruten, stëmmen d’Reco-Brandt Orchideeën-Nobildungen a Gestalt a Faarf exakt mat dem Planzen-Original iwwereneen.