Gefärdungskategorie vun der Rouder Lëscht

An der Rouder Lëscht vun de Gefässplanze vu Lëtzebuerg sinn d'Orchideeën a folgende Kategorië klasséiert fir hire Gefärdungsstatut anzeschätzen (no IUCN).

Least concern

Des Aarte sind am Moment an eisem Land net bedrot.

Near threatened

Des Aarte sind am Moment an eisem Land nach just net bedrot.

Vulnerable

Des Aarte sind am Moment an eisem Land bedrot.

Endangered

Des Aarte sind am Moment an eisem Land gefärdet.

Critical

Des Aarte sind am Moment an eisem Land staark gefärdet a vum Ausstierwe bedrot.

Regionally extinct

Des Aarte sind am Moment an eisem Land ausgestuerwen. Si kommen an anere Länner nach vir.