FR: goodyère rampante
DE: Kriechendes Netzblatt
EN: creeping lady's-tresses
D'Krauchend Netzblat ass déi eenzeg Orchidee zu Lëtzebuerg, déi ëmmergréng Blieder mat vernetze Blatodere bilt. Et wiisst an närstoffaarme Kiferebëscher; do wou ze vill Närstoffer sinn, gëtt et séier vu Grieser iwwerwuess a stierft of. D'Krauchend Netzblat staamt ursprénglech aus méi kale Géigenden oder aus de Bierger an huet sech ugangs vum 20. Joerhonnert mat Kifereplanzunge verdeelt.