FR: orchis musc
DE: Einknollige Honigorchis
EN: musk orchid
D'Eenzelknoll-Hunnegorchidee verdankt hiren Numm der eenzeger Knoll, déi si als Späicherorgan huet. Dës gëtt eréischt no der Bléi um Enn vun ënnerierdeschen Ausleefer gebilt an net wéi bei den Aarte vun der Gattung Orchis nieft der aler Knoll. Wéi vill aner Orchideeë vun den närstoffaarmen naasse Wisen ass och d'Eenzelknoll-Hunnegorchidee säit laangem zu Lëtzebuerg ausgestuerwen.