FR: limodore violette
DE: Violetter Dingel
EN: violet bird’s nest
Di Mof Limodore bilt keng gréng Blieder. Hir Bléie ginn nëmme seele ganz op, d'Befruchtung geschitt dacks andeems si sech selwer bestëbst. Déi Orchidee koum am 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg op méi Plaze vir, ënner anerem ronderëm d'Haaptstad an tëscht Gréiwemaacher an Iechternach. De leschte bekannten Nowäis war 1965 op der Hoelt bei Rouspert.