FR: sabot-de-Vénus
DE: Frauenschuh
EN: yellow lady's slipper orchid
Déi liichtend giel kesselfërmeg Lëps vun der Venusschlapp lackelt Insekten un, déi un de glate Wänn keen Halt fannen an an d'Fal rutschen. Deen eenzege Wee an d'Fräiheet féiert duerch en enke Schloff, laanscht d'Stëbsblieder an d'Narb, woubäi d'Bléi bestëbst gëtt. D'Giel Venusschlapp wiisst a lichte Laf- a Mëschbëscher op närstoffaarme Kallekbiedem. Zu Lëtzebuerg koum si an de Bëscher ëm Gréiwemaacher vir, gouf awer zanter 1957 net méi gesinn.