FR: platanthère à deux feuilles
DE: Weiße Waldhyazinthe
EN: lesser butterfly orchid
D'Kräizblumme lackele mat séissem Doft nuetsaktiv Päiperleken un. Hire laange Spuer ass typesch fir Orchideeën, déi vu Päiperleke bestëbst ginn. D'Pollepäck vun der Wäisser Kräizblumm sti parallel an no beienee virun der Entrée an de Spuer. Si bleiwen un de laange Rüssele vun de Schwäermer pechen. Des Aart kennt a lichte Bëscher, op moren an op fiichte Wisen, souwuel am Éislek wéi och am Guttland vir.