FR: orchis tridenté
DE: Dreizähniges Knabenkraut
EN: three-toothed orchid
D'Dräizänn-Bouwekraut verdankt säin Numm der Bléi mat engem Helm, deen an dräi spatz Zänn ausleeft. Et wiisst op exponéiertem, ganz nidderegem Dréchewues op Kallekbiedem. Zu Lëtzebuerg ass et ausgestuerwen.