Bleizäit
Mee - Juni
Threat status ?
Critically endangered
Liewesraum
Dréchewues
Wëssenschaftlechen Numm
Anacamptis morio

Boken-Hondswuerzel

FR: orchis bouffon DE: Kleiner Narr, Kleines Knabenkraut EN: green-winged orchid

D'Boken-Hondswuerzel huet hiren Numm wéinst sengem violett mat gréng gefierfte Bléienhelm, deen un e Bok erënnert. Nach bis Ufanks vum 20. Joerhonnert war d'Boken-Hondswuerzel op moren Dréchewisen zu Lëtzebuerg ganz heefeg. Wéinst der verstäerkter Düngung an dem Verschwanne vun der traditioneller Beweedung mat Schof ass d'Aart haut vum Ausstierwe bedreet.
Observations on GBIF.org: green-blue: before 2005, yellow-orange: after 2005, darker colour indicates more observations.