Bleizäit
Juni - August
Threat status ?
Least concern
Liewesraum
Dréchewues
Wëssenschaftlechen Numm
Gymnadenia conopsea

Mécken-Handwuerzel

FR: gymnadénie des moucherons DE: Mücken-Händelwurz EN: fragrant orchid

Gréisser Bestänn vun der Mécken-Handwuerzel bleiwe virun allem wéinst hirem wonnerbaren Doft an Erënnerung. Eng Mëschung aus Neelcheskäpp a Vanill lackelt divers Insekte bei déi rosa-violett Bléiestänn. Awer nëmmen déi deenen hir Rüssele laang genuch sinn, kommen un den Nektar an deem enke Spuer. Déi schlank Mécken-Handwuerzel fënnt een zu Lëtzebuerg op Kallekdréchewues zimmlech heefeg.
Observations on GBIF.org: green-blue: before 2005, yellow-orange: after 2005, darker colour indicates more observations.