A Wisen, déi wéinst feelender oder net gëeegenter Notzung verfilzen a verbusche, gëtt déi konkurrenzschwaach Gréng Fangerwuerzel séier verdrängt. Zu Lëtzebuerg koum si nëmmen op ganz kuerze more Wisen, op Dréchewues an a lichte Bëscher vir. Et kann een si just nach op engem Standuert am Südweste vum Land fannen.