FR: épipactis des marais
DE: Sumpfsitter, Sumpf-Stendelwurz
EN: marsh helleborine
D'Bléie vun der Suppen-Harespelorchidee hu vill Nektar, mat deem si eng Abberzuel vu Bestëbser ulackelen. Hire Som ass am Verglach mat aneren Orchideeën-Aarte grouss a verbreet sech gutt, well en um Waasser schwëmmt. D'Suppen-Harespelorchidee wiisst a suppege Wisen an a Moueren. Et gëtt nëmmen nach ganz e puer rezent Virkommen, besonnesch laanscht d'Westgrenz vu Lëtzebuerg.