Bleizäit
Juni - August
Threat status ?
Critically endangered
Liewesraum
Bësch
Wëssenschaftlechen Numm
Epipogium aphyllum

Ouniblat-Geeschterorchidee

FR: épipogon sans feuilles DE: Blattloser Widerbart EN: ghost orchid

Och d'Ouniblat-Geeschterorchidee gesäit gielzeg-brong aus, well si guer kee Blatgréng bilt a sech nëmmen iwwert hir Pilzpartner erniert. Just onreegelméisseg, a Jore mat vill Reen, béi héijer Loftfiichtegkeet a Wäermt sinn d'Bléi vun der Geeschterorchidee am Juli fir e puer Deeg ze gesinn. De Rescht vun der Zäit lieft des Aart ënnerierdesch, verstoppt am fiichte Mulch vun ale Bichebëscher. Dat eenzegt aktuell bekannt Virkomme vun der Ouniblat-Geeschterorchidee am ganze Benelux ass an engem Hang-Bichebësch bei Walfer.
Observations on GBIF.org: green-blue: before 2005, yellow-orange: after 2005, darker colour indicates more observations.