Bleizäit
Mee - Juli
Threat status ?
Least concern
Liewesraum
Bësch
Wëssenschaftlechen Numm
Neottia nidus-avis

Vullennascht-Zweeblat

FR: néottie nid-d’oiseau DE: Vogel-Nestwurz EN: bird's-nest orchid

D'Vullennascht-Zweeblat verdankt säin Numm senge Wuerzelen, déi wéi bei engem Vullennascht anenee verflecht sinn. Des Orchidee erniert sech nëmmen iwwert déi ënnerierdesch Fiedem vun hirem Pilzpartner an ass onofhängeg vum Liicht. Si bilt bal kee Blatgréng an erschéngt dofir brongelzeg. Si wiisst virun allem a schiedege Laf- an Nolebëscher am Guttland.
Observations on GBIF.org: green-blue: before 2005, yellow-orange: after 2005, darker colour indicates more observations.