Bleizäit
Mee - Juli
Threat status ?
Least concern
Liewesraum
Bësch
Wëssenschaftlechen Numm
Neottia ovata

Grousst Zweeblat

FR: grande listère DE: Großes Zweiblatt EN: common twayblade

Dat Grousst Zweeblat ass liicht u sengen zwee groussen, bal géigestännege Blieder ze erkennen. Eng Sträif un der Lëps vun den onscheinbare Bléie scheet räichlech Nektar of a lackelt domat Insekten un. Un de Pollepäck quëllt scho bei liichter Beréierung eng kleng Drëps Läim eraus, déi an Zäit vu Sekonnen de Pollepak um Insektekapp upecht. D'Grousst Zweeblat ass am Guttland ganz heefeg a wiisst a fiichte Bëscher an op kallekhaltegem Dréchewues.
Observations on GBIF.org: green-blue: before 2005, yellow-orange: after 2005, darker colour indicates more observations.