Bleizäit
Mee - Juli
Threat status ?
Least concern
Liewesraum
Dréchewues
Wëssenschaftlechen Numm
Himantoglossum hircinum

Bock-Rimmerzong

FR: orchis bouc DE: Bocks-Riemenzunge EN: lizard orchid

Mat hiren extrem verlängerte Bléielëpsen déi u Rimmer erënneren an hirem séisselzeg strenge Geroch no Geess ass déi stramm Bock-Rimmerzong eng vun den opfällegsten Orchideeë vu Lëtzebuerg. De Klimawandel vun de leschten dräi Joerzéngte mat ëmmer méi waarme Summeren a mëlle fiichte Wantere schéngt d'Ausbreedung vun dëser ursprénglech südwesteuropäescher Aart ze begënschtegen.
Observations on GBIF.org: green-blue: before 2005, yellow-orange: after 2005, darker colour indicates more observations.